Egal, ob an eisem Büro zu Kanech, bei Iech oder iwwer Telefon - Déi éischt Berodung ass ëmmer gratis an onverbindlech. Bei dëser Demarche schwätze mer iwwer Är Iddi a mir kucken zesummen no der beschter Léisung, fir Äre Projet ëmzesetzen.

Iwwer 10 Joer Know-how op ee Bléck

Design

Mir entwerfe fir Iech e kohärente visuellen Optrëtt mat Charakter an ënnerstëtzen Är Kommunikatioun - vum Internetoptrëtt iwwer Visittekaarte bis zum komplette Corporate Design.

Coding

Mir sinn um leschte Stand vun der Technik fir d'Ëmsetze vun Ären Iddien. Ob Internet-Plattform, Android- an iOS-App, Schnëttstellen-Entwécklung oder Pluginne fir Content Management-Systemer ewéi Wordpress oder Galatea webCMS: Mir hëllefen Iech gären, Äre Projet ze realiséieren.

E-Marketing

Nieft der natierlecher Sichmaschinnenoptimiséierung (SEO) vun Ärem Projet gëtt et nach aner Méiglechkeeten, ewéi Reklamm op de Sichmaschinnen (SEA) oder sozial Netzwierker (Facebook, Twitter & Co.), fir méi Leit op Iech opmierksam ze maachen. Mir beroden a begleeden Iech beim Ëmsetze vun enger effikasser Online-Marketing-Strategie.

Support

Fir datt Äre Projet ouni Problemer funktionéiert, bedreiwe mer eis eege Linux-Server. Doriwwer eraus bidde mer e komplette Support fir d'Maintenance an d'Gestioun vun Ärem Projet un.

Aperçu

Loosst Iech vun eiser Aarbecht iwwerzeegen a werft e Bléck op eng Selektioun vun eise Realisatioune fir Clienten!