Well mer eis Aktivitéiten ausbauen, siche mer e Print- a Webgrafiker (m/w).

Print- a Webgrafiker (m / w)

Är Aufgaben

• Layouts a grafesch Identitéiten kreéieren.
• Mëndlech a schrëftlech Briefingen grafesch ëmsetzen.
• Ausschaffen, realiséieren a gestalten vun Print-Kommunikatiounsmëttel.
• Print-Kommunikatiounsmëttel un d'Webmedien upassen an Newslettere erstellen.
• Den Design an d'Ergonomie vu Responsive-Web-Sitten ausschaffen.
• Inhalter mat engem CMS op Sitte setzen an aktualiséieren.

Äre Profil

• Dir hutt Beruffserfarung op engem ähnleche Posten (mindestens 3 Joer).
• Dir kennt Iech ganz gutt am Domaine vun der Grafik aus an Dir kënnt Iech den Entwécklungen an den Tendenzen vum Marché upassen.
• Dir beherrscht d’Adobe Suite (virun allem Photoshop, Illustrator an InDesign).
• Dir kënnt Franséisch an Däitsch (liesen, schreiwen a schwätzen).

Är Qualitéiten

• Dir weist Begeeschterung fir Är Aarbecht an sidd kreativ.
• Dir schafft gutt am Team.
• Dir sidd autonom, dynamesch an organiséiert.
• Dir hutt Iddien an Dir wësst ze iwwerzeegen.
• Dir sidd offen an entwéckelt Iech gäre weider.

Är Pluspunkten

• Dir kënnt Lëtzebuergesch an/oder aner Sproochen.
• Dir hutt scho mat Erfolleg an enger Agence geschafft.
• Dir kënnt mat Webtechnologien ëmgoen (HTML5, CSS3, JS).
• Dir kennt d'SEO-Regelen.
• Dir hutt nach anert Fachwëssen an der Fotografie, am Motion design, Videoen, ...

Mir bidden

• CDI (no enger Proufzäit)
• Vollzäit (40 Stonnen / Woch)
• Salaire Ärem Profil an Ärer Erfarung no
• Eng Plaz, déi esou séier ewéi méiglech ze besetzen ass
• Är Donnéeë gi vertraulech behandelt

Wéi kënnt Der kandidéieren

Schéckt Ären CV an Äre Motivatiounsbréif am PDF-Format iwwer E-Mail un dës Adress:

[email protected]