Impressum

Firmesëtz

Qiubits S.à r.l.
15, rue d'Oetrange
l-5411 Canach
Lëtzebuerg


Kontaktdaten

Tel.: (+352) 26 70 10 13
Tax: (+352) 26 53 02 73
Mail: [email protected]


Representéiert vun

Emile Weber // Gerant


Registre de commerce

Immatrikulationsnummer: B127851


TVA-Identifikatiounsnummer

LU21825325


Droit d'auteur a Propriété intellectuelle

All aktuell an zukünfteg Elementer vum Site www.qiubits.lu sinn duerch dat aktuellt lëtzebuergescht Gesetz zu der Propriété intellectuelle an dem Droit d'auteur geschützt. Fir d'Reproduktioun, d'Adaptatioun, d'Distributioun a fir all Form vu Verwendung, déi iwwer d'Restriktioune vum Droit d'auteur erausgeet, brauch een d'schrëftlech Autorisatioun vum Auteur oder vum Initiateur.
Esouwäit d'Inhalter vun dësem Site net vum Bedreiwer realiséiert goufen, gëtt den Droit d'auteur vun Drëttpersoune respektéiert. Virun allem ginn Inhalter vun Drëttpersounen als sollech markéiert. Sollt Der trotzdem op eng Violatioun vum Droit d'auteur opmierksam ginn, da sot eis wann ech gelift Bescheed. Esoubal mer Bescheed wëssen, dass e Gesetz net agehale gouf, läsche mer déi Inhalter direkt.


Haftungsbeschränkungen

Verantwortung fir den Inhalt

D'Firma Qiubits S.à r.l. garantéiert net, dass d'Informatiounen, déi um Site www.qiubits.lu verëffentlecht sinn, zur Verfügung stinn, der Wourecht entspriechen, glafwierdeg, aktuell oder vollstänneg sinn. Deemno ass Qiubits S.à r.l. als Déngschtleeschter net derzou verflicht, déi iwwerliwwert Informatiounen ze iwwerwaachen oder d'Ëmstänn vun enger illegaler Aktivitéit ze ënnersichen. Opgrond vun der allgemeng gëlteger Legislatioun bleift d'Flicht awer bestoen, esou Informatiounen ze läschen oder ze spären. Allerdéngs kann eng Verantwortung dozou nëmme vum deem Moment u revendiquéiert ginn, wou eng spezifesch Violatioun festgestallt gouf. Esoubal Qiubits S.à r.l. iwwer eng Violatioun Bescheed weess, gëtt de betreffenden Inhalt direkt geläscht.

Verantwortung fir d'Linken

Um Site vu Qiubits S.à r.l. sti Linken fir op extern Sitten. Allerdéngs dréit Qiubits S.à r.l. keng Verantwortung fir dës extern Inhalter. Nëmmen de Fournisseur oder de Bedreiwer vun deem Site ka fir den Inhalt vu sengem Site verantwortlech gemaach ginn.

Dateschutzerklärung

Dateschutz

De Bedreiwer vun dësem Site hëlt de Schutz vun Äre perséinlechen Donnéeë ganz eescht. Är perséinlech Donnéeë gi vertraulech traitéiert, am Aklang mat de gesetzlechen Dateschutzbestëmmungen a mat dëser Dateschutzerklärung.
An der Regel kann een op eise Site goen, ouni perséinlech Donnéeë mussen unzeginn. Esouwäit perséinlech Donnéeën op eisem Site gesammelt ginn (zum Beispill Ären Numm, Är Adress oder E-Mail-Adress) geschitt dat ëmmer op fräiwëlleger Basis, esouwäit dat méiglech ass. Dës Donnéeë ginn net ouni Ären ausdrécklechen Accord un Drëttpersoune weiderginn.
Mir weisen Iech drop hin, dass d'Transmissioun vun Donnéeën am Internet (z. B. bei enger Kommunikatioun iwwer E-Mail) Lacunnë bei der Sécherheet kann opweisen. E komplette Schutz vun den Donnéeë virun engem Zougrëff vun Drëttpersounen ass net méiglech.


Cookien

D'Internetsitte gebrauchen zum Deel "Cookien". Cookië beschiedegen Äre Computer net a bréngen och keng Virusse mat sech. Cookien hëllefen, eis Offer méi benotzerfrëndlech, méi effikass a méi sécher ze maachen. Cookië si kleng Textdateien, déi op Äre Computer gesat ginn an déi an Ärem Browser ofgespäichert ginn.
Déi meescht Cookien, déi mir gebrauchen, sinn "Session-Cookien". Se ginn no Ärer Visite automatesch geläscht. Aner Cookië bleiwen op Ärem Apparat, bis Dir se läscht. Dës Cookien erméiglechen eis et, Äre Browser bei Ärer nächster Visite erëmzeerkennen.
Der kënnt Äre Browser esou astellen, dass Der iwwer de Gebrauch vu Cookien informéiert gitt a Cookien nëmme fir en Eenzelfall erlaabt, Cookien an bestëmmte Fäll oder generell net acceptéiert, an och aktivéiert, dass d'Cookien automatesch geläscht ginn, wann Der Äre Browser zoumaacht. Wa Cookien desaktivéiert ginn, kann dat Funktioune vun dësem Site aschränken.


Server-Logfichieren

De Provider vum Site sammelt a späichert automatesch Informatiounen a Server-Logfichieren of, déi Äre Browser eis automatesch iwwerdréit. Dat sinn:

  • Typ a Versioun vum Browser
  • Betribssystem
  • URL-Adress, vun där Dir kommt
  • Hostnumm vum Computer, deen zougräift
  • Zäit vun der Serverufro

Mat dësen Donnéeë kënne keng bestëmmte Persounen identifizéiert ginn. Dës Donnéeë ginn net mat aneren Datequellen assimiléiert. Mir behalen eis d'Recht vir, dës Donnéeën nodréiglech ze préiwen, wa mer konkret Unhaltspunkte vun enger illegaler Verwendung kennen.


Kontaktformulaire

Wann Der iwwer de Kontaktformulaire eng Demande fir Renseignementer schéckt, ginn Är Donnéeën aus dem Formulaire, mat de Coordonnéeën, déi Der do uginn hutt, bei eis ofgespäichert, fir Är Demande an eventuell zousätzlech Froen ze traitéieren. Ouni Ären ausdrécklechen Accord gi mir dës Donnéeën net weider.


Dateschutzerklärung fir d'Benotze vu Google Analytics

Dëse Site gebraucht Funktioune vum Web-Analys-Service Google Analytics. De Fournisseur ass Google Inc., 1600 Amphitheatre Parkway Mountain View, CA 94043, USA.
Google Analytics benotzt "Cookien". Dat sinn Textdateien, déi op Ärem Computer ofgespäichert ginn, an déi eng Analys vun Ären Aktivitéiten um Site erméiglechen. Déi duerch Cookië generéiert Informatiounen iwwer Äre Gebrauch vun dësem Site ginn an der Regel op e Server vu Google an den USA iwwerdroen an ofgespäichert.
Weider Informatiounen iwwer den Traitement vu Benotzerdate bei Google Analytics fannt Der an der Dateschutzerklärung vu Google: 
https://support.google.com/analytics/answer/6004245?hl=de


Browser-Plugin

Dir kënnt verhënneren, dass Cookien ofgespäichert ginn, andeems Der d'Astellunge vun Ärem Browser ännert; mir weisen Iech awer drop hin, dass Der dann d'Funktioune vun dësem Site net komplett kënnt benotzen. Doriwwer eraus kënnt Der verhënneren, dass Google d'Date sammelt an traitéiert, déi duerch de Cookie genéiert ginn a sech op Äre Gebrauch vum Site bezéien (inkl. Ärer IP-Adress), andeems Der de Browser-Plugin erofluet an installéiert, deen Der op dësem Link fannt:
https://tools.google.com/dlpage/gaoptout?hl=de


Refus vum Sammele vun Daten

Dir kënnt verhënneren, dass Google Analytics Är Date sammelt, andeems Der op dëse Link klickt. Et gëtt en Opt-Out-Cookie gesat, dee verhënnert, dass Är Date gesammelt ginn, wann Der an Zukunft op dëse Site kommt. Google Analytics desaktivéieren.


SSL-Verschlësselung

Aus Sécherheetsgrënn, a fir d'Iwwerdroe vu vertraulechen Inhalter ze schützen, ewéi zum Beispill Ufroen, déi Dir eis als Bedreiwer vum Site schéckt, gebraucht dëse Site eng SSL-Verschlësselung. Eng verschlësselt Connexioun erkennt een dorun, dass déi affichéiert Adress am Browser vun "http://" op "https://" wiesselt an um Klauschter-Symbol an der Adressläischt.
Wann d'SSL-Verschlësselung aktivéiert ass, kënnen d'Donnéeën, déi Dir eis weidergitt, net vun Drëttpersoune gelies ginn.